Dateschutz Informatioun.

 

Allgemeng


Déi folgend Informatiounen ginn iech een einfachen Iwwerbléck doriwwer, wat mat äre perséinlechen Daten geschitt, wann dir eis Websäit besicht. Dat sinn all déi Daten, mat deenen dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn.

Mir als Organisatioun (Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun asbl.) an och Besëtzer vun der Säit "ldf.lu" registréieren keng perséinlech Daten vun de Gäscht op äiser Säit.

Mir wëssen deemno net wien dir sidd a mat wat fir engem Gerät datt dir kuckt, och net vu wou aus dir bei äis kommt.

Dat verhënnert awer net datt de Provider, den d'Plattform zur Verfügung stellt wouropper äis Säit gespäichert ass a funktionéiert, technesch "Cookies" (kleng Dateieën déi bei iech op d'Gerät geluede ginn) setzt, fir sécherzestellen datt alles korrekt kann duergestallt ginn.

Dat heescht datt dëst si muss fir ze garantéieren datt alles richteg funktionéiert egal mat wat fir engem Gerät datt dir äis Säit kuckt (Computer, Tablett oder Smartphone). Och ass dat ofhängeg vum Betribssystem op ärem Gerät a jee no Internetbrowser mat dem dir kuckt. Des "Cookies" sinn onerlässlech a ginn allkéiers nei gesat.

Aus Sécherheetsgrënn erhieft a späichert de Provider vun eise Säiten automatesch Informatiounen a sou genannte Server-Log-Dateien, déi äre Browser automatesch iwwermëttelt. Dat sinn ënner anerem Internetbrowser-Informatiounen, Betribssystem-Informatiounen, IP-Adress an Auerzäit. Dorobber huet d'Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun keen Afloss an och keen Zougrëff.

Wann dir eis en Email op "info@ldf.lu" schéckt registréiere mir selbstverständlech är Daten wou dir selwer ugitt an dëst fir kennen ze äntweren an och e Suivi vun der Kommunikatioun mat iech ze hunn. Wann dir dat nët wëllt da schéckt eis keen Email.

Mir behandelen är Daten diskret a ginn des Daten selbstverständlech net un Drëtter weider.

Eis  Säit (www.ldf.lu) benotzt iwwer eng API de Kartendéngscht vun Google Maps. Dësen Service gëtt ugebueden vun Google Inc., 1600 Amphiteatre Parkway, Mountain View, CA 94043, USA. Fir datt  de Kartendéngscht vu Google Maps richteg funktionéiert ass et noutwenneg d'IP- Adress vun ärem Gerät ze späicheren. Mir als Ubidder vun dëser Säit hu keen Afloss op dës Dateniwwerdroung. D'Benotze vu Google Maps erfollegt am Interessi vun eiser Offer fir d'Duerstellung vun eisen Evenementer op de Plazen déi op eiser Websäit ugi sinn.

Méi Informatiounen fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Google: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy/.

Am Fall wou dir bei eis eppes bestellt


Bei enger Bestellung bei eis um Site iwwert de Formulaire oder iwwert d'Email Adress "shop@ldf.lu" gitt dir eis ären Numm an är Adress un. Anescht kenne mir iech net beliwweren. Des Daten ginn net fir en aneren Zweck benotzt oder weiderginn. Just déi Leit wou se brauchen fir iech déi Bestellung zoukommen ze loossen hunn Zougrëff dorop.

Och är Kontosnummer, déi mir fir Iwwerpréiwung vun eise Finanzen mussen registréieren, wäerte mir net un Drëtter weiderginn a just fir den Zweck vun der Iwwerweisung notzen. Zougrëff op des Informatioun hu just den Tresorier vun der LDF an d’Keesereviseuren.

Am Fall wou eng Organisatioun Member bei der LDF ass


D'LDF späichert Daten vun de Member-Organisatiounen, dëst si reng Vereinsdaten.

Donieft ginn Daten vun enger Kontaktpersoun (Delegéierten genannt) vun der Member-Organisatioun gespäichert. Dëst sinn, Numm, Virnumm, Adress, Telefonsnummer an Email Adress. Sollt den Delegéierten wiesselen sou gi keng Daten vum fréieren Delegéierten gehalen, mee se ginn duerch déi nei Daten ersat!

Déi perséinlech Daten vum Delegéierten ginn net ausserhalb vun sengem Zweck bei der LDF benotzt oder weidergereecht.

Back-up


Aus techneschen a Sécherheetsgrënn gi Kopien vun allen Daten op Backup Systemer gespäichert wéi z.B. Externen Harddisk, Backup Server, oder aneren techneschen Ariichtungen. 


Fir d'Datebank zoustänneg ass de Sekretär adjoint vun der LDF.


LDF, Lëtzebuerg
Stand Februar 2022