Retour à tous les événements

LDF Conseil beim Kulturminister

  • Ministère de la Culture 4 Boulevard Franklin Delano Roosevelt Luxembourg, Luxembourg, 2450 Luxembourg (carte)

FIR DEN PUBLIK NET ZOUGÄNGLECH.

Den Verwaltungsrot vun der LDF huet beim Kulturminister Eric Thill eng Entrevue am Kader vun eiser järlecher Aus­tauschronn ugefrot, fir iwwert d’Situatioun am Denkmalschutz an d’Doleancen vun eisen Associatiouns-Memberen ze schwätzen. Dëst Entrevue ass elo fir de Mëttwoch, 28. Januar 2026, um 10h30 am Ministère de la Culture virgesinn.

An dësem Kontext biede mir Iech, eis bis spéitstens den 10. Januar 2026 Är Froen, Kommentaren oder Suergen, déi Dir gären hätt, dass den Verwaltungsrot bei dëser Geleeënheet mam Minister uschwätzt, per Email ze schécken. Dëst erlaabt eis, Är Uleies an eiser Virbereedung ze berécksiichtegen an an d’Gespréich matzehuelen.

Mir soen Iech villmools Merci am Viraus.

Email schécken
Précédent
Précédent
22 janvier

LDF-Verwaltungsrotsëtzung

Suivant
Suivant
25 février

LDF an der COPAC