Retour à tous les événements

LDF op Käerch - 2. Studierees

  • P+R Bouillon 61 Rue de Bouillon Luxemburg, Luxemburg, 1248 Luxembourg (carte)

De Conseil vun der LDF huet virgesinn fir 2026 en Entdeckungsausfluch z’organiséieren, deen de Member-Associatiounen et soll erméiglechen, sech kennenzeléieren a besser ze vernetzen.

Aktuell hu sech 17 Associatiounen an der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun zesummegeschloss, fir gemeinsam méi staark a méi effizient fir den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg aktiv ze sinn.

Den Datum fir dësen Dagesausfluch ass op de Samschdeg, de 25. Abrëll 2026 festgeluecht ginn.

D’Iddi ass, sech um 9:00 Auer um Bus Parking Bouillon ze treffen, vun do aus mat engem historesche Bus een oder zwee Sitten ze besichen, déi am Kader vun den Aktivitéite vun enger Member-Associatioun relevant sinn. Mëttes ass e gemeinsamen Iessen op der Plaz virgesinn, an nomëttes soll eng weider Visitt organiséiert ginn. Am spéiden Nomëtte, géint 18:00 Auer, komme mir dann zeréck an d’Stad.

D’Zil ass, jee no Succès vun dësem éischten LDF-Kenneléieren-Ausfluch, all 17 Member-Associatiounen iwwer d’Zäit ze besichen.

Dëst 2. Studierees vun der LDF féiert eis op Käerch, mat der Kollaboration vun der Member-Associatioun Quo vadis Käerch.

Mir soen Iech am viraus villmools Merci!

Précédent
Précédent
1 avril

Generalversammlung 2026 - LDF

Suivant
Suivant
24 octobre

LDF op Esch - 3. Studierees