De Conseil vun der LDF huet virgesinn fir 2026 en Entdeckungsausfluch z’organiséieren, deen de Member-Associatiounen et soll erméiglechen, sech kennenzeléieren a besser ze vernetzen.
Aktuell hu sech 17 Associatiounen an der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun zesummegeschloss, fir gemeinsam méi staark a méi effizient fir den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg aktiv ze sinn.
Den Datum fir dësen Dagesausfluch ass op de Samschdeg, de 25. Abrëll 2026 festgeluecht ginn.
D’Iddi ass, sech um 9:00 Auer um Bus Parking Bouillon ze treffen, vun do aus mat engem historesche Bus een oder zwee Sitten ze besichen, déi am Kader vun den Aktivitéite vun enger Member-Associatioun relevant sinn. Mëttes ass e gemeinsamen Iessen op der Plaz virgesinn, an nomëttes soll eng weider Visitt organiséiert ginn. Am spéiden Nomëtte, géint 18:00 Auer, komme mir dann zeréck an d’Stad.
D’Zil ass, jee no Succès vun dësem éischten LDF-Kenneléieren-Ausfluch, all 17 Member-Associatiounen iwwer d’Zäit ze besichen.
Dëst 2. Studierees vun der LDF féiert eis op Esch, mat der Kollaboration vun der Member-Associatioun CNCI-Centre national de la culture industrielle.
Mir soen Iech am viraus villmools Merci!