Fuerderungen.

 

Préambule

 

D’Bauierwen zu Lëtzebuerg ass ëmmer méi der Gefor ausgesat, zerstéiert ze ginn an dëst huet ënnerschiddlech Ursaachen. Ineffikass Legislatiounen, de Fait datt et iwwerhaapt zwee Reegelwierker gëtt fir d’Bauierwen ze schützen (kommunalen an nationalen Schutz), ineffikass Applikatioun vun bestoenden Gesetzer: et gëtt nach ëmmer keen kompletten Inventaire vun allen erhalenswäerten Gebaier, weder kommunal nach national. D’Gemengen schützen extrem ënnerschiddlech hiert Bauierwen - si protegéieren iwwert hier PAG’en net opgrond vun Expertenwëssen mee opgrond vun elektoralen Consideratiounen an opgrond vun Onwëssenheet an finanziellen Iwwerleeungen an Interessien mam Resultat datt eist Bauierwen inkoherent erhalen gëtt. Aner Geforen sinn: ze wéineg Subsiden, ze wéineg Geschichts- an Kulturbewosstsinn an der Gesellschaft, en iwwerdriwwent Propriétéitsrecht (e Proprietär huet net nëmmen Rechter mee oder Flichten), keng staark Verankerung an der Constitutioun zum Schutz vun der Natur an der Kultur (souwéi dat an der Schwäiz z.B. de Fall ass iwwert den “Heimatschutz”). Et ginn nach aner Ursaachen: “Performance énergétique”, Grondsteiereforme, Investissiouns-fräiheet. Wunnen ass keng Funktioun méi, e Grondrecht, mee nëmmen nach eng Wuer. Mee denken mer dach all drun datt et keng kulturell Produktioun vun enger Gesellschaft gëtt déi méi visibel an méi “konsuméiert” gëtt wéi gebaute Kultur. Se steet iwwerall, mir gin dran an aus, all Dag, mir gesinn se all Dag. Mer erliewen se all Dag. Zu Lëtzebuerg awer zerstéieren mer genee dëss Kultur an engem Tempo deen kaum oder net international unzetreffen ass, ausser a Krichssituatiounen. Denken mer drun datt déi gebauten Ëmwelt och soll fir de Mënsch sinn, an datt säin Wuelbefannen och mat der Qualitéit vun dëser Ëmwelt zesummenhänkt. Dëst ass e laang bekannten sozial-psychologesch Phänomen. Wou ass also eis “Baukultur” haut? Eng Ëmwelt déi net zum Verweilen aluet, huet och als Konsequenz datt d’Mënschen net bleiwen an oft plënneren well se sech net mat engem Uert identifizéieren kënnen. D’Sozialliewen an enger Gemeng leit och dorënner. D’Bautepolitik berécksiichtegt dat iwwerhaapt net. Et ginn och Nohaltegkeets-Consideratiounen: erhalen an renovéieren/nei notzen ass vill besser wéi neibauen. Denkt un all déi sougenannten “Grô Energie” déi beim Ofrappen verluer geet an un d’Deponien déi iwwerlafen. D’Produktioun vun Zement ass och e weideren groussen Problem an der CO2-Bilanz. Mir verléieren an engem onverantwortlechen Tempo eist Bauierwen an dat muss ophéieren. De Verloscht ass ni méi ze ersetzen. Verluer ass verluer. Lëtzebuerg, respektiv iergendeng Regioun ass net einfach en Standard 08/15. Iwwerall fënnt een elo gebauten “wäiss Këschten” déi eis Baukulturlandschaft zerstéieren an veraarmen loossen. Sie ersetzt a kuerzer Zäit eng Entwécklung déi iwwert e puer Joerhonnerten entstanen ass a méi wéi jee eng nohalteg Architektur mat lokalen regionalen Materialien unzebidden hat.

 

Paul Ewen, President vun der LDF

~

Réiden, Copyright ©Claude Kraemer, 26/07/2020

 

1. Fuerderung

Een Denkmalschutzgesetz op kommunalem an nationalem Niveau nom engleschen Virbild aféieren

 

Zu Lëtzebuerg existéieren 2 Gesetzer, déi sech mam Bauierwen befaassen. Dat ass d’Gesetz vun 19.07.2004 „Loi du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain “an d’Gesetz vum 25.02.2022 iwwert den „Patrimoine culturel“.

D’Gesetz iwwer den „Aménagement communal“ beseet ganz vag, dass eng Gemeng e.a. folgend Missioun huet: « ils ont principalement pour mission de concevoir, de développer, de coordonner et de mettre en oeuvre, au niveau communal, les moyens nécessaires pour garantir le respect du patrimoine culturel ».

Am Reglement grand-ducal vum 08.03.2017 betreffend den Inhalt vun engem PAG deen beseet, dass et „secteurs et éléments protégés d’intérêt communal“ muss beinhalten wou Gebaier, déi verschiddenen Kritären entspriechen, geschützt ginn. Do existéieren 4 Statuten : „Construction à conserver“, „Gabarit à préserver“, „Alignement à préserver“ an „petit Patrimoine à conserver“.

Bei der Opstellung vun den PAGen ass et an der Praxis esou gewiescht, dass eng Gemeng vum INPA bei der Begehung begleet gouf (a gëtt), an domadder den Gemengen eng 1. Aschätzung virgeschloen huet, wat schützenswäert ass an wat net. Déi Gebaier, déi vum INPA als schützenswäert reperéiert goufen, sinn awer manner genau (an och net bannenan) opgeholl ginn an dëser Prozedur. Dëst entsprécht engem Schnellverfaren an eben net enger präziser wëssenschaftlecher Dokumentatioun.

D’Gesetz iwwert den „Patrimoine culturel“, och nach Denkmalschutzgesetz genannt, ass do schonn méi genau, an behandelt am Kapitel 3 „Patrimoine architectural“ d’Konditiounen, d’Klassementsprozeduren an den Inventaire, fir dass en Gebai den Status kritt als „Patrimoine culturel national“.

Wéinst der „Autonomie communale“ kënnt et dann vir, dass Gemengen ganz wéineg, mëttelméisseg oder ganz vill an hirem jeeweilegen PAG kommunalem schützen. Esou kënnt et dann dozou dass iwwerhaapt net koherent kommunal geschützt gëtt. Skurril Resultater kommen dobäi eraus z.B. existéieren Gebaier déi nëmmen den klengsten Schutzstatus hunn op kommunalem Niveau („Alignement“) an dat obwuel se déi national Schutzkrittären erfëllen an national geschützt sinn. Komplett Inkoherenz!

Ze bemierken ass awer och datt probéiert gouf en „Lien“ ze schafen tëschent den 2 Legislatiounen.

Well all déi Gebaier, déi um PAG als „Construction à conserver“ vermierkt sinn, sinn dann och duerch dat rezent Denkmalschutzgesetz liicht geschützt. Et besteet nämlech hei eng Meldeflicht un den Kulturminister wann een dann säin Immeubel well ëmbauen, renovéieren oder Ofrappen. De Kulturminister kann dann agräifen.

E puer Zuelen: Stand Februar 2023 sinn 14 Gemengen déi nëmmen 0-59% Bausubstanz geschützt hunn déi vum INPA reperéiert gouf, 21 Gemengen 60-79% an 45 Gemengen, déi 80-100% Bausubstanz op kommunalem Plang geschützt hunn an hirem PAG. 7.704 (op 80 Gemengen gerechent) Gebaier feelen deemno!

Sou kënnt et dann och dauernd vir, dass weder dat eent Gesetz nach dat anert Gesetz den néidegen Schutz bitt: Gebaier déi déi national Kritären vum Denkmalschutzgesetz net erfëllen mä awer mat Sécherheet den Kritären op kommunalem Plang erfëlle géifen - gin « einfach esou » an ouni Argumentatioun an verschiddenen PAG’en net zeréckbehalen - an domadder ginn mer (dausende) schützenswäert Gebaier fräi fir den Ofrëss.

Wéinst deenen genannte Grënn fuerdert d’LDF en méi koherent legislativ Reegelwierk, d.h. nëmmen een Denkmalschutzgesetz, sou wéi mir et och an der Ëmwelt hunn (1 Naturschutzgesetz) oder 1 nationaalt Educatiounsgesetz).

Et kann een sech zum Beispill inspiréieren un der englescher Legislatioun: e System wou schützenswäert Gebaier an verschidden Schutzgraden agedeelt ginn.

Listed buildings are graded to reflect their relative special architectural and historic interest.

  • Grade I: buildings are of exceptional special interest;

  • Grade II*: buildings are particularly important buildings of more than special interest;

  • Grade II:  buildings are of special interest, warranting every effort to preserve them. 

Zu Lëtzebuerg kéint dat esou ausgesinn:

  • Grade A: monuments nationaux à caractère exceptionnel (Buergen, Schlässer, Kathedralen, Kierchen);

  • Grade B: monuments nationaux particulièrement importants et présentant un caractère spécifique (authentesch Bauerenhaiser, seelen Bautypen);

  • Grade C: monuments nationaux avec un intérêt particulier, justifiant tous les efforts pour les préserver (Aarbechterhaiser, Ensembelen, Haiser déi net méi genuch Authentizitéit hunn);

  • Grade D: patrimoine villageois (einfach Haiser, ouni speziell Architektur, déi awer lokal vun Wichtegkeet ass, Ensembelen, bspw. Kolonienhaiser, Reienhaiser an de Stied);

  • Grade E: petit patrimoine (Weekräizer, Maueren, Naturelementer, …);

  • Grade F: patrimoine naturel.

D’Krittären zu den Graden sinn dann och genee definéiert. Ervirzehiewen wieren e puer Artikelen:

1) Age and rarity: the older a building is, and the fewer the surviving examples of its kind, the more likely it is to have special interest. The following chronology is meant as a guide to assessment; the dates are indications of likely periods of interest and are not absolute. The relevance of age and rarity will vary according to the particular type of building because for some types, dates other than those outlined below are of significance. However, the general principles used are that:

  • before 1700, all buildings that retain a significant proportion of their original fabric are likely to be regarded of special interest;

  • from 1700 to 1850, most buildings that retain a significant proportion of their original fabric are likely to be regarded of special interest, though some selection is necessary;

  • from 1850 to 1945, because of the greatly increased number of buildings erected and the much larger numbers that have survived, progressively greater selection is necessary;

  • careful selection is required for buildings from the period after 1945, another watershed for architecture.

 2) Buildings less than 30 years old: such buildings are not normally considered to be of special architectural or historic interest because they have yet to stand the test of time. It may nevertheless be appropriate to list some modern buildings despite their relatively recent construction – for example, if they demonstrate outstanding quality (generally interpreted as being equivalent to Grade I or II*). The Secretary of State calculates the age of a building from the point at which the ground was first broken.

E puer (negativ) Beispiller:

Gëtzen

En Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert, wat 2020 ofgerappt ginn ass. Den Haff huet d’Kritären net erfëllt fir en nationalen Schutz an war am PAG net kommunal geschützt. En Grad C, sou wéi d’LDF et virschléit, hätt den Haff geschützt.

Gostingen, Copyright ©Dr Anne Risch, 20/10/2019

Miersch

2 Gebaier, déi aktuell national geschützt sinn, awer am Kader vum Inventaire 2023 hiren Schutzstatus ewechgeholl wäerte kréien, dat well se d’Krittären net méi erfëllen (ze vill ëmgebaut ginn). Sie sinn net kommunal geschützt, domadder kéinten dëss Gebaier an der Zukunft ofgerappt ginn. En Grad C, géing dëss Haiser virun enger Demolitioun schützen.

Mersch, Copyright ©Google Maps, 24/04/2023

~

2. Fuerderung

D’Aféieren vun engem Uertsbildschutz nom Schwäizer Virbild an Opwäertung vum ëffentleche Raum

 

„Art. 78 der Bundesverfassung (CH) verpflichtet den Bund, seine Anstalten und Betriebe Rücksicht zu nehmen auf Landschaften, Ortsbilder und das baukulturelle Erbe. Damit sie sachgerecht zwischen den Anliegen des Ortsbildschutzes und weiteren Staatsaufgaben abwägen können, steht ihnen das Bundesinventar der schützenswerten Ortsbilder der Schweiz von nationaler Bedeutung (ISOS) als Entscheidungsgrundlage zur Verfügung.

Absatz 3 […] Ob ein Ortsbild ins ISOS aufgenommen wird, wird nach den folgenden Hauptkriterien beurteilt:

Lagequalitäten: Beurteilt wird der Situationswert des Ortsbilds, namentlich ob die Grün- und Freiräume um die Bebauung eine ausgeprägte Nah- und Fernwirkung sowie Ein- und Ausblicke garantieren, ob die Bebauung optisch und nutzungsmässig einen starken Bezug zur umgebenden Kulturlandschaft aufweist, ob wichtige Ortsbildteile in topografisch dominanter Situation liegen und ob das Ortsbild an einer bekannten alten Verkehrsverbindung liegt;

Räumliche Qualitäten: Beurteilt werden der räumliche Wert der einzelnen Ortsbildteile sowie die Intensität des räumlichen Bezugs zwischen den Ortsbildteilen, namentlich ob die Bauten die Strassen, Plätze und Grünräume klar fassen, ob landschaftsarchitektonisch gestaltete Freiräume eine deutliche Raumwirkung entfalten, ob die Bebauung in ihrer Gesamtform einheitlich ist und im Detail variiert, ob zwischen den bebauten Ortsbildteilen eindeutige Abgrenzungen und offensichtliche Hierarchien bestehen und ob zwischen Bebauung und Kulturland intensive Wechselbeziehungen vorhanden sind;

Architekturhistorische Qualitäten: Beurteilt werden der architekturhistorische Wert der einzelnen Ortsbildteile sowie die Ablesbarkeit der Entwicklungsphasen der Siedlung, namentlich ob die Bebauung und landschaftsarchitektonisch gestaltete Freiräume regionalspezifisch sind und eine bestimmte Epoche deutlich illustrieren, ob eine siedlungstypologisch beispielhafte Entwicklung sichtbar ist, ob architekturhistorisch einprägsame Übergänge zwischen den einzelnen Ortsbildteilen vorhanden sind und ob eine Vielzahl an baukünstlerisch, historisch oder typologisch wichtigen Einzelbauten vorkommt.

 Gemäss Absatz 4 erhalten Ortsbildteile mit Eigenwert aufgrund ihrer Qualitäten eines der folgenden Erhaltungsziele:

Erhalten der Substanz beziehungsweise der Beschaffenheit als Kulturland oder Freifläche: Erhalten der Substanz bedeutet, alle Bauten, Anlageteile und Freiräume integral zu erhalten und bestehende Beeinträchtigungen zu beseitigen; Erhalten der Beschaffenheit als Kulturland oder Freifläche bedeutet, die für das Ortsbild wesentliche Vegetation und die Altbauten zu bewahren und bestehende Beeinträchtigungen zu beseitigen;

Erhalten der Struktur: Erhalten der Struktur bedeutet, die Anordnung und die Gestalt der Bauten und Freiräume zu bewahren und die für die Struktur wesentlichen Elemente und Merkmale integral zu erhalten;

Erhalten des Charakters: Erhalten des Charakters bedeutet, das Gleichgewicht zwischen Alt- und Neubauten zu bewahren und die den ursprünglichen Erbauungsgrund illustrierenden und für den Charakter wesentlichen Elemente integral zu erhalten.“

 Sou een Uertsbildschutz nom Schwäizer Modell existéiert zu Lëtzebuerg guer net. Dat neit Denkmalschutzgesetz gesäit à priori nëmmen en „Secteur protégé d’Intérêt national“ vir. Sou een Secteur, den bis ewell nach ni ausgewisen gouf, gëllt awer net fir eng ganz Uertschaft mä nëmmen fir en klengen Deel dovun : „Secteur protégé d’Intérêt national : une zone qui regroupe des parties du territoire en vue de mettre en valeur un ou plusieurs biens immeubles classés comme patrimoine culturel national, de permettre un aménagement adéquat des alentours de ces biens immeubles et de créer, rétablir ou sauvegarder la cohérence architecturale, urbanistique et paysagère des espaces visés“.

Dobäi ginn et Uertschaften an Stied, déi sech harmonesch an d’Landschaft integréieren an wou en ganz interessant architektonescht Bauierwen existéiert. Ze nennen wieren Dierfer wéi Lëllgen am Kiischpelt, Esch/Sauer, Veianen, Lasauvage, etc … Trotz urbanisteschen Instrumenter besteet den Risiko, d‘Uertsbiller duerch Neibauten, oder en Agrëff an d’Naturlandschaft, en däitlechen negativen visuellen Impakt kënnen hunn. Aus dem Grond, muss den Schutz vum Uertsbild och an d’Denkmalschutzgesetz drakommen, an déi Uertschaften an Stied ausgewisen ginn, déi en besonnescht Uerts- an Landschaftsbild opweises hunn.

Zu dësem Thema passt dann och d’Opwäertung vum ëffentleche Raum „Espace public“. D’LDF fuerdert deemno dass elektresch Trafosstatiounen, Elektrokëschten, Radaren, asw, net virun denkmalgeschützten Gebaier an Monumenter, Kierchen an Ensembelen opgeriicht ginn, an falls technesch méiglech, ënnerierdesch verluecht ginn. D’Concessionnairen missten an eisen Aen obligéiert ginn, fir als éischt déi staatlech an kommunal Service ze consultéieren, bevir sou eng Infrastruktur installéiert gëtt. Des Weideren erënnere mir un een Règlement-type (RG-type sur les bâtisses, les voies et les sites), deen 2018 vum Inneministère ausgeschafft gouf, wou dëss Problematik ernimmt gëtt, och unzewenden. Des Weideren gouf och eng parlamentaresch Ufro gemaach zu dem Thema (28.05.2018 Franz Fayot, LSAP).

Esch-sur-Sûre, Copyright ©Christian Ries, 14/11/2009

Source: https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Esch_sur_Sure_20091114_01.jpg
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Unported license.

Luxembourg-Centre, Copyright ©Paul Ewen, 23/02/2022

~

3. Fuerderung

D’Verflichtung vun de Gemengen hier PAG „Constructions à conserver“ nozebesseren

 

An dat besonnesch fir déi Gemengen déi laut INPA wéineg bis guer net vill geschützt hunn.

Aktuell ginn et 14 Gemengen / Stied, déi nëmmen 0-59% vun schützenswäerter Bausubstanz via PAG geschützt hunn, an 21 Gemengen / Stied, déi nëmmen 60-79% vun schützenswäerter Bausubstanz via PAG geschützt hunn. 45 Gemengen / Stied dogéint hunn dogéint 80-100% vun schützenswäerter Bausubstanz via PAG geschützt. Aktuell schlechtsten Score huet Réimech, mat 329 schützenswäerten Gebaier woubäi awer nëmmen 1 Gebai kommunal geschützt ginn ass.

Déi momentan Situatioun weist: et feelen ronn 7704 Gebaier déi vum INPA als schützenswäert reperéiert goufen (immeubles repérés INPA: 26615 / Immeubles effectivement protégés: 18911).

https://inpa.public.lu/fr/patrimoine/patrimoine_bati_PAG.html

Deemno fuerdert d’LDF, dass d’Gemengen vum Inneministère opgefuerdert ginn, hier PAG’en däitlech nozebesseren op dësem Punkt, dat am Kader vun enger Modification ponctuelle. An Zäiten vun der Energiekrise, Klimakris an Biodiversitéitskris, wier et nëmmen selbstverständlech all dëss Gebaier ze schützen, baséierend op Nohaltegkeet, Ëmweltschutz, Erhalen vun Groer Energie, …

~

4. Fuerderung

D’Aféieren vun engem Ofrapp-Moratoire fir Gebaier (falls Fuerderung 1 bis 3 net méiglech ass)

 

D’LDF ënnerstëtzt d’Petitiounen 1638 & 2477 déi vun der Zivilgesellschaft organiséiert gi sinn. Falls déi gefuerdert Moossnamen 1 bis 3 net méiglech sinn dann muss ebenfalls en Moratoire an Ofrappstopp op Albauten agefouert ginn. Dëst bedeit: Fall fir Fall bei enger Ofrappufro muss iwwerpréift ginn ob d’Gebai erhalenswäert ass oder net, dat unhand vun enger kloer gereegelter Prozedur mat Rekursméiglechkeeten. D’Prozedur muss ganz schnell goen - bannent ganz kuerzer Zäit muss en Agent vum INPA op der Platz sinn an klasséieren oder deklasséieren. En Moratoire géing och hëllefen, dass den INPA kéint mat sengen Mataarbechter an aller Rou den Inventaire vum Land opstellen, sou wéi et vum Gesetz virgesinn ass, an dat ouni ënner Drock ze sinn.

Hei d’Zieler vun enger däitscher Initiative „Abriss-Moratorium“ déi 1:1 zu Lëtzebuerg ëmsetzbar sollt sinn:

Ein Abriss-Moratorium:

  • aktiviert die großen Potenziale im Bestand und bereits versiegelter Flächen für die Schaffung der von Ihnen avisierten 400.000 neuen Wohnungen jährlich. Erhalt, Sanierung, energetische Verbesserung, aber auch Aufstockungen, Erweiterungen und die Anpassung an zukünftige Nutzungsanforderungen sind konstruktive Antworten auf die Wohnungsfrage.

  • nutzt den Gebäudebestand als wirksames Mittel gegen Energie- und Klimakrise. Es bewahrt und verwendet die im Material gespeicherte graue Energie. Außerdem vermindert es den Bedarf an energieintensiven und klimaschädlichen Baustoffen wie Beton und Stahl.

  • ist ein Schritt zur Kreislaufwirtschaft. Statt Abriss fördert es die Etablierung von Infrastrukturen für die Wiederverwendung von Bauteilen. In der zirkulären Stadt bedarf es schließlich keiner Deponie mehr.

  • verhindert Gentrifizierung und Verdrängung in Ballungsräumen, die mit Abriss und Neubau oftmals einhergehen, und begegnet so sozialen Spannungen.

  • ist ein Beitrag zur gesellschaftlichen und wirtschaftlichen Transformation. Es steht für die Wertschätzung von Pflege und Reparatur des Bestehenden in seinem ganzen baukulturellen und geschichtlichen Reichtum.

~

5. Fuerderung

D’Aféieren vun engem staatlechen Posten Baumeeschter „Bouwmeester“

 

Zu Lëtzebuerg gëtt et wéineg Verständnis fir Baukultur. Baukultur betrëfft net nëmmen en Gebai oder eng Architektur mä och den ëffentleche Raum an d’Naturlandschaft.

Jiddereen wëll dass säin Haus an säin Ëmfeld individuell ausgesäit an net dem anere gläiche soll. Dofir gëtt ëmmer behaapt dass een bauen soll däerfen wéi een dat fir gutt fënnt. Dass een awer net ëmmer bauen kann wéi een wëll, weisen dach souwisou schonns déi sëllegen Bautereglementer déi an de Gemengen existéieren. Do fënnt een dann och den Haaptgrond dofir dass et quasi keng virgeschriwwen oder reguléiert Baukultur am Land gëtt: well d’Gemengen engem Bauhär (ze)vill Fräiheet loossen um baukulturellen Niveau an haaptsächlech technesch Prescriptiounen (Dimensiounen vum Gabarit, Recullen, etc) respektéiert mussen ginn. D’Ästhetik spillt eng absolut Nieweroll. Zwar ginn et och Ausnamen bei de Gemengen mee dat ass ganz rar. Eenzel Gemengen gesinn dann och nëmmen eng gewëssen Harmonie fir am Duerfkär vir wou en traditionellt Ausgesinn erwënscht ass, soss ass awer baukulturellen Chaos duerchaus gewënscht.

Remarquen déi mëttlerweil quasi all Bierger am Land schonns gemaach huet: ze faarweg, ze gro, keng regionaltypesch Faarwen an Materialien, Flaachdiecher, keng einheimesch Straich a Beem, Verschampeléierung vum ëffentleche Raum duerch Trafoshaiser, Gabiounen, L-Betonsbléck, asw. D’Lëscht ass immens laang.

Am noen Ausland, zB an der Belsch oder an Holland ginn et dofir speziell Experten an den Stied an Gemengen. Sie ginn Bouwmeester oder Rijksbouwmeester (Holland) genannt. Et sinn Experten fir d’Baukonscht, d’Baugeschicht, et sinn och Architekten. Am däitschsproochege Raum ginn et Gestaltungsbeiräte….

D’Missioun vum Rijksbouwmeester (den et säit bal 200 Joër gëtt) an Holland: 

  • Berot ginn iwwer Architektur am ëffentlechen Raum resp. ëffentleche Raum selwer,

  • Wielt Architekten aus fir Neibauten,

  • Ënnersicht Funktiounen an Alternativen resp. Neinotzung fir Gebaier déi den Staat net méi braucht,

  • Auswiel vun Kënschtler bei Renovéierungen bei Denkmaler,

  • Fërdert d’Ausbildung vun Architekten,

  • Iwwerwaachung vun der urbanistescher Qualitéit an och den Gebaier.

D’Missioun vum (Stads)Bouwmeester: 

  • Gestaltung vum ëffentleche Raum,

  • Wunnengsbauproblematik/Manktem,

  • Energiewende,

  • nohalteg Gestaltung vun Mobilitéit an der Landwirtschaft, der Architektur, gebauten an onbebaute Raum, Bauierwen.

All „Bouwmeester” ass onofhängeg / neutral!

An Éisträich huet den Gestaltungsbeirat, den iwwregens och neutral ass, folgend Missiounen:

  • Beratung: Unabhängige Beratung von Bauherren, Planern sowie öffentlichen Institutionen bei Bauvorhaben (Bürgermeister, Baubehörde),

  • Bewahrung: Bewahrung der Qualität des Ortsbildes und der Architektur,

  • Verbesserung: Unterstützung der nachhaltigen Entwicklung des Stadtbildes auf Basis hoher architektonischer Qualität,

  • Konfliktentschärfung: Frühzeitiges Erkennen und Entschärfen von möglichen Konflikten im Rahmen von Bauverfahren,

  • Gegensteuerung: Rechtzeitige Gegensteuerung zu Fehlentwicklungen (z.B. Sanierungen fördern, um Leerstand in Innenstädten zu reduzieren),

  • Konfliktvermeidung: Weniger konfliktreiche Entscheidungen durch sachlich fundierte Begründungen.

Lange Rede kurzer Sinn: wéini kritt Lëtzebuerg en staatlechen, onofhängegen an onparteieschen Baumeeschter, den all déi Beräicher wéi Bauierwen, ëffentleche Raum, Landschaft, Landwirtschaft an Mobilitéit ofdeckt? Alles gräift nämlech aneneen. Nohaltegkeet, Biodiversitéit sinn nëmmen e puer Beispiller am Kader vum Denkmal- an Naturschutz resp. ëffentlechen Raum déi mateneen funktionéieren. Och d’Baukultur spillt do eng wichteg Roll.

Wou jo vill Gemengen aktuell en Naturpaktberoder astellen oder engem Naturschutzsyndikat bäitriede, kéinten och d’Gemengen en neutralen Baumeeschter astellen fir den Decideuren Entscheedungshëllef ze ginn. Do derniewent misst et och en staatlechen Baumeeschter ginn, e bëssen e Genre „Ombudsmann”, den Avisen ausschafft an och neutral ass. Deen misst sech reegelméisseg mat den lokalen Baumeeschteren austauschen.

Leider sinn mer nach wäit ewech dovun. Mä et wier heiansdo gutt, wann Lëtzebuerg sech un sou Länner géing inspiréieren.

Inspiréieren kéint een sech och un de Schwäizer.

Am Manifest vum SIA (schweizerischer Ingenieur- und Architektenverein) ass folgendes festgehalen:

Was ist Baukultur?

  • Teil der kulturellen Identität und Vielfalt,

  • Steht für interdisziplinäre Zusammenarbeit,

  • Ist zeitlich und normal offen,

  • Vereint Form und Funktion,

  • Ist allgegenwärtig,

  • Gemeinsame Herausforderung für die Öffentlichkeit, Auftragsgebende, Planende und die Bauwirtschaft,

  • Ist Wirtschafts- und Standortfaktor,

  • Verlangt ein gesellschaftliches Bekenntnis.

Dobäi gëtt och d’Klimakris mat u Bord geholl, dat well Klimaschutz, Baukultur an Biodiversitéit Hand an Hand ginn.

~

6. Fuerderung

D’Aféieren an den Respekt vun der Baukultur
(Promotioun, Sensibilisatioun, Verflichtung)

Source: https://www.nikolai-sausal.at/gestaltungsbeirat.html

 

Was ist Baukultur?

Jeder Ort und jede Region erzählen eine individuelle Geschichte und werden durch unterschiedliche Siedlungs- und Bautypologien geprägt. Durch ortstypische Material-, Farb- und Formensprache ist jeder Ort unterschiedlich und schafft eine andere Atmosphäre. Baukultur bedeutet, dass wir beim Bauen eines neuen Gebäudes oder beim Umbauen eines bestehenden Gebäudes auf diese typischen Merkmale eingehen. Denn das, was baulich neu geschaffen wird, soll gut zu dem Vorhandenen passen und außerdem den Ort qualitativ aufwerten. (WFG Ostbelgien)

  • Baukultur umfasst die Summe aller menschlichen Tätigkeiten, die unsere gebaute Umwelt verändern. Sie betrifft die architektonische, die funktionale und die konstruktive Gestaltung von Gebäuden, den Städte- und Siedlungsbau, die Formung von Landschaften, Infrastrukturen und öffentlichen Räumen. Baukultur ist auch Prozesskultur und betrifft damit ebenso den Weg, der zu einem „guten Ergebnis“ führt sowie Voruntersuchungen und Verhandlungen zur Gestalt der gebauten Umwelt. (Bundesstiftung Baukultur D);

  • Baukultur erstreckt sich auf alle Aspekte des Bauens und des damit verbundenen Lebens. Was wir heute bauen, ist Heimat von morgen. Die Vermittlung und Förderung von Baukultur ist eines der Kernanliegen des Schweizer Heimatschutzes. Alle Aspekte des Bauens und der Landschaftsgestaltung sind kulturelle Handlungen von öffentlichem Interesse. Der Begriff «Baukultur» umfasst sämtliche dieser Tätigkeiten, die unsere Umwelt und unseren Lebensraum verändern. (Source: Schweizer Heimatschutz).

Januar 2018, hunn déi europäesch Kulturminister d‘Deklaratioun vun Davos „Eng héich Baukultur fir Europa“ virgestallt. Déi europäesch Staaten engagéieren sech, fir eng héich Baukultur politesch an strategesch ze verankeren. D’Erklärung vun Davos erënnert drun, dass Bauen Kultur ass an Raum fir Kultur schaaft. Och Lëtzebuerg war deemools mam Här Xavier Bettel vertrueden. Hei verschidden Artikelen aus der Deklaratioun vun Davos:

  • Hohe Baukultur schont die Umwelt. Sie unterstützt den nachhaltigen Verkehr und eine verantwortungsbewusste Bodennutzung, vermehrt die städtischen Grünflächen und trägt zu Gesundheit und Biodiversität bei.

  • Das Kulturerbe ist ein zentrales Element hoher Baukultur. Die Art, wie wir das Kulturerbe heute nutzen, pflegen und schützen, wird entscheidend sein für die zukünftige Entwicklung einer gebauten Umwelt von hoher Qualität.

  • Hohe Baukultur verstärkt unsere Verbundenheit mit dem Ort. Sie ermöglicht der Bevölkerung die Identifikation mit ihrem Umfeld, fördert eine inklusive und solidarische Gesellschaft, wirkt Diskriminierung und Radikalisierung entgegen und unterstützt Integration und Bürgerbewusstsein. Dies ist nicht nur für Stadtzentren und historische Ortsbilder wichtig, sondern für den gesamten Lebensraum Europas, für suburbane und ländliche Räume, Dörfer, Industriezonen und Infrastrukturen.

Trotz diversen Verflichtungen, wéi zB d’Fërderen vun der Baukultur, Sensibilisatioun an Opklärung bei den Kanner an den Jugendlechen, aner Grondsätz promouvéieren wéi zB déi positiv Auswierkungen op eis Gesellschaft, politesch Strategien, Baukultur als politescht Ziel, asw. vermësst een d’Thema an d’Diskussioun iwwer Baukultur souwuel an der Politik wéi och an der breeder Ëffentlechkeet.

D’LDF fuerdert deemno d’Ausschaafen vun engem Konzept iwwert d’Baukultur, seng Promotioun an virun allem d’Opklärung vun der Zivilgesellschaft. Dobäi ass mam KEP „Kulturentwécklungsplang 2018-2028“ schonn déi éischt Viraarbecht geleescht ginn, dat mat der Recommandatioun 37 fir en „Centre national de l’architecture“ ze grënnen. D’Baukultur MUSS konsequent favoriséiert ginn an domadder och bei all Bauplanungen, ob bestoend oder nei, an ëffentlecher Raumgestaltung ugewannt ginn.

~

7. Fuerderung

D’Gro Energie beim Energiepass mat a Betruecht zéien

Den 08. Februar 2021 gouf an der Schwäiz, am Kanton Genf en Projet de Loi deposéiert (Projet de Loi PL 12869) fir d’Constructioun vun CO2 neutralen Bauten.

Hei d’Zieler vum Schwäizer Gesetz:

Art. 113, al. 1 (nouvelle teneur) :

1 – Les constructions doivent être conçues et maintenues :

a) de manière à ce que l’énergie nécessaire à leur fonction soit utilisée économiquement et rationnellement;

b) de manière à minimiser leur empreinte carbone sur l’ensemble de leur cycle de vie (construction, exploitation, transformation et rénovation, démolition).

Art. 113A Empreinte carbone (nouveau) :

1 – L’empreinte carbone d’une construction correspond au bilan des émissions de gaz à effet de serre durant son cycle de vie.

2 – Les matériaux de construction à faibles émissions de carbone ou capables de stocker du carbone doivent être privilégiés.

3 – Pour vérifier le respect de l’article 113, alinéa 1, le Conseil d’État peut exiger que toute construction fasse l’objet d’un bilan carbone.

4 – Le Conseil d’État définit par voie réglementaire des seuils d’empreinte carbone maximale à respecter selon l’état de la technique.

D’EU huet 2019 den „European Green Deal“ lancéiert fir den Iwwergang zu enger ressourceneffizienter an kompetitiver Ekonomie ze schafen déi bis 2050 eng Klimaneutralitéit erreechen soll. Am Bauwiesen soll dësen Plang d’Kreeslafwirtschaft wärend dem ganzen Liewenszyklus vun Gebaier fërderen.

An der Schwäiz beschäftegt sech d’Parlament och mat dësem Thema an setzt dobäi op den Fokus vun der Trennbarkeet (Recyclage) vun Baudeeler bei Neibauten an Sanéierungen, souwéi op déi gro Energie bei der Konstruktioun vun Gebaier.

D’LDF setzt sech fir en spuersamen Asaz vun den Ressourcen an den Ausbau vun der Kreeslafwirtschaft an. D’Kreeslafwirtschaft soll zum engen dozou bäidroen, den Klimawandel ze bremsen andeems Produkter, Materialien an Gebaier méi laang genotzt ginn an sou manner Emissiounen fir d’Neiproduktioun ufalen. Zum aneren adresséiert d’Kreeslafwirtschaft och d’Ressourcenknappheet, andeem Materialien weiderverwent ginn an net an den Bauschuttdeponien landen.

Aus dem Grond fuerdert d’LDF, dass dësen Plang vun der Kreeslafwirtschaft mat an den Energiepass agerechent gëtt, d.h. vum Bau bis bei den Réckbau / Demolitioun. D’Gro Energie bezeechent den net erneierbaren Energieopwand, den noutwenneg ass, fir en Gebai ze bauen, ze erhalen oder zeréckzebauen. D’Gro Energie ëmfaasst déi beim Ofbau vun Ressourcen, Produktioun an Veraarbechtung vun Baumaterialien (Dämmstoffer bspw.), den Transport vun Mënsch, Maschinnen an Baudeeler, op der Baustell souwéi beim Réckbau noutwenneg Energie. Je no Materialwiel an – Asaz, ass den Undeel un groer Energie massiv. Duerch dësen Undeel klammen Emissiounen (CO2). An eben dësen Undeel gëtt beim Opstellen vun engem Energiepass net mat aberechent. Aus dem Grond kann et dann virkommen dass en neit Haus wat nom Standard NZEB (Nearly Zero Energy Building) déi der Klasse AAA entsprécht, gebaut gëtt, bei Wäitem net sou klimafrëndlech ass, dat well d’Gro Energie net mat an d’Berechnung eragefloss ass. Domadder gëtt déi Klass verfälscht.

 
Die Prioritäten des SIA bei der Kreislaufwirtschaft. Grafik: Jörg Dietrich

Die Prioritäten des SIA bei der Kreislaufwirtschaft.
Grafik: Jörg Dietrich

Source: https://www.espazium.ch/de/aktuelles/die-politik-und-der-sparsame-umgang-mit-ressourcen

 

~

8. Fuerderung

D’Bauierwen an Baukultur als Flichtfach an de Schoulprogramm integréieren.

D’LDF ass ganz kloer der Meenung, dass d’Sensibiliséierung schonn vun klengem un muss an den Schoulen stattfannen. Nëmmen wann ons Kanner eng gutt Bildung an dem Beräich hunn, kréien si dat néidegt Feingespier fir Architektur an Bauierwen an och de Sënn vun enger méi ästhetescher an ugepasster Baukultur. Dëst Bildung sollt verflichtend sinn an ugepasst ginn fir all Alter respektiv Cycle am Schoulwiesen.

Mam „Labopatrimoine“ gëtt et schonn eng gewëssen Offer, dat awer op fräiwëlleger Basis. Dëst Offer ass haaptsächlech fir den Cycle 3 + 4 geduecht. U sech misst dat interessant Konzept integral an de Schoulprogramm vum Fundamental bis an de Lycée mat afléissen.

Och den SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) fuerdert eng pluridisziplinär Strategie am Beräich vun der Lëtzebuerger Kultur, dozou gehéiert eben och den „Patrimoine bâti“. Kultur muss fir jiddereen zougänglech sinn, an aus dem Grond huet den SCRIPT sou eng Strategie ausgeschafft. Am Beräich „Patrimoine architectural et culturel ginn 2 Initiativen proposéiert: Eis gebaute Welt – vu gëschter, haut a muer, organiséiert vum IFEN, an et gouf 2022 en Projet, „Lëtzebuerg erliewen“ den verschidden thematesch Dossieren ubitt. All dat baséiert op Fräiwëllegkeet, sou dass net all Kand an de Genoss vun sou enger Ausbildung kënnt.

Interessant wier natierlech och, wann d’Thema Lëtzebuerger Architektur, Bauierwen, an seng Geschicht op der Uni-Belval als Studiegang géing offréiert ginn.

Ofschléissend nach en inspiréierend Zitat: „Baukultur braucht die Fähigkeit aller, die gebaute Umwelt bewusst wahrzunehmen, zu reflektieren und aktiv zu gestalten. Das ist die Aufgabe und Verantwortung baukultureller Bildung“ - Konvent der Baukultur, Potsdamer Resolution.

~

9. Fuerderung

D’Lëtzebuergescht Bauierwen als ekonomeschen an touristeschen Wäert unerkennen

  • wat fir d’Stad Lëtzebuerg ouni d’Alstad, de Gronn, d’Festung?

  • wat wier Veianen ouni seng Buerg an säin aalt Duerf?

  • wat wier Zowaasch ouni seng Aarbechterhaiser?

D’Lëtzebuergescht Bauierwen muss een als ekonomeschen an touristeschen Wäert unerkennen. Vill Beruffer, eng jett Firmen hunn sech op den Albau, Renovéierung an Restauréierung spezialiséiert. Ons sinn elo keng offiziell Zuelen geleefeg, mä mir sinn der Meenung, dass den Albau, engen sëllegen Leit eng Aarbecht ubitt. Dëst Beruffer hunn Zukunft, dat well se op Nohaltegkeet baséieren. E puer Zuelen aus Frankräich, weisen d’Gewiicht vun dësem Secteur:

  • 500.000 Aarbechtsplazen, dovun sinn 200.000 bis 250.000 Plazen, déi Bauaarbechten an Baustellen besetzen,

  • 30.000 bis 40.000 Aarbechtsplazen beim Staat, Verwaltungen, Gemengen, Muséeën, asw..

Dat wirtschaftlecht Gewiicht am Kultursecteur louch 2019 bei 4,8 Milliarden Euro.

D’LDF fuerdert deemno, dass dëss Beruffer, besonnesch bei den jonke Leit virgestallt an schmackhaft gemaach ginn. Sou kéinten eeler Beruffer erëm nei agefouert ginn, an bestoend Beruffer erëm attraktiv gemaach ginn. Och eng Aféierung vun engem „Compagnon du Devoir“ sou wéi et an Frankräich oder an der Belsch de Fall ass, géifen dëss Beruffer opwäerten.

Och den touristeschen Secteur ass net ze ënnerschätzen an bitt enge sëllegen Leit eng Aarbecht un. D’LDF muss awer leider feststellen, dass d’Potential nach net ganz erschöpft ass an deemno nach méi méiglech ass. Zwar ginn d’Buergen an Schlässer promouvéiert, oder eenzel Stied (Unesco Quartier Stad), mä et feelt beispillsweis eng Lëscht mat den authenteschsten an schéinsten Dierfer aus dem Land.

~

10. Fuerderung

Verschidden finanziell Mëttelen aféieren, alternativ oder komplementar

Hei e puer Inspiratiounen an Iddien, déi een hei am Land kéint aféieren:

~

MERCI, fir är Opmierksamkeet

Zesumengesat fir d’LDF vum Paul Ewen (President), Jérôme Reuter.